Dir Biber ‘s
Passt gutt op ![]()
Den eenzeg
richtege Béierkëschtenlaf ![]()
aus der Groussregioun
steet erëm virun der Dier, a geet an seng 2ten Editioun. No deem enorme Succès vum vergaangene Joer, invitéiert
d’ Jeunesse Béiwen-Meecher
op hiren 2ten Béierkëschtenlaf ![]()
de 17ten August zu Béiwen op der Duerfwiss.
Sonndeg, de 17. August 2025 ab 11 Auer Apéro![]()
* Wou
:
Zu Béiwen ënnen am Duerf op der Duerfwiss
* Equippen
:
1 Equipe besteet aus mini. 2 bis _max. 3 Leefer_
* But![]()
:
Opgepasst !! Et ginn ab lo zwou Klassen:
* Béierkëschtklass 24 x25cl ![]()
![]()
![]()
* Ladies class 12 x20cl mat Schampes ![]()
![]()
![]()
Onofhängeg vun der Klass duerf all Geschlecht als Equipe do matmaachen wou se wëll.
All Equipe kritt um Depart 1 Këscht, dës muss per Hand
ouni
weider Hëllefsmëttel op d’Arrivée gedroe ginn an ausgedronk sinn.
* Gewënner
:
D’ Equipe déi fir d’éischt
mat der egdeler Këscht Béier un d’Ziel kënnt, gewënnt.
* Parcours :
Depart souwéi d’Arrivée
ass beim RDV
op der Duerfwiss zu Béiwen. De Wee ass ausgezeechent
, Ofkierzunge sinn néck
erlaabt. De Parcours huet eng Distanz vu gutt 6 km an Héichtemeter vun 130m
. Ënnerwee erwaarden Iech ee puer Hindernisser
a form vu Spiller, déi et ze iwwerwanne gëtt zesumme mat ärer Këst Béier.
* Startschoss ![]()
![]()
vun der Course:
Pünktlech
um 14:00
Auer geet d’Course lass. Präsentatioun vun der jeeweileger Equipe sur Place bis spéitstens 13:00
Auer wichteg !!!
* Startgeld ![]()
:
Aus Erfarung vum leschte Joer, ginn et nëmmen nach 0.25cl Cageot’s –> 40€ pro Equipe (+ 10€ Pfand op der Këscht Béier) also am Total 50€
*
Umeldung
:
Schrëftlech ![]()
ab dem 2ten Juni bis spéitstens de 6ten August 2025 un den Tock Kevin via SMS op de 691 93 23 24 oder iwwer Messenger (Fb), bezuelt gëtt entweder –> 1x Payconique oder 1x Iwwerweisung vum Startgeld op follgend Kontosnummer: _LU61 0019 2155 0727 1000_ mam Vermierk „JEBEME Béierkëschten Laf + den Numm vun ärer Equipe + den Handysnummer déi och beim Start mat derbäi ass“
* Präisser ![]()
![]()
:
Flott Präisser fir d’Podium’s Plazen (1; 2; 3); Trouschtpräis, Coupe d’Ambiance & ee Präis fir déi bescht Verkleedung,
* Catering ![]()
![]()
![]()
![]()
:
Fir Iessen a Gedrénks ass am viraus an dono beschtens gesuergt.
– All Umeldung kann nik méi annuléiert ginn. Et gëtt keng Réckerstattung fir eng Ofmeldung wann d’ Event normal ofleeft.
* Haftung
:
D’ Jeunesse iwwerhëlt keng Haftung bei Accidenter, medezineschen Zwëschefäll oder engem Déifstall.
