CSJ Hesper invitéiert Iech op den alljärleche Foodtruck Festival !
Des ass schonn entretemps eis 9. Editioun, an ewéi d’läscht Joer schonns gëtt se och des Kéier um Kiopa am Hesper Park ofgehalen.
Am Fokus ass nach ëmmer ,Food Music & More’ . Fir all Goût gëtt et e passende Foodtruck de just op Iech waart fir laanscht ze kommen, natierlech ass alles begleet vu Musek a Gedrénks. Zousätzlech gëtt et och nach Animatioun fir déi mei Kleng (Sprangschlässer an Facepainting).
Kommt laanscht, mir freeën eis op Iech.
Bis dann är CSJ Equipe
