Letz.tv

Halli Galli 2025

🔆Dir braucht eng Paus vum Leieren, ee Grond fir net richt Chrëschtdag vun der Uni zeréck ze kommen oder hutt ganz einfach rëm Loscht op en Owend voller Iwwerraschungen an ouni Grenzen? Maacht Iech kee Kapp, we got you!!!🔆

‼️Den Datumer huet dest Joer geännert: De 1.11.2025 (Samschdes) fënnt nees eise geckegen HalliGalli Bal statt.‼️

Fir d´Stëmmung suergen wei all Joer gudd DJ‘s, Musik ass also garantéiert. Dëss an der Kombinatioun matt eisen eemolege Countdowns versprëcht ee legendären Owend, deen all är Erwaardungen iwwertrefft.

An domat och kee verhongert, hunn mer wei all Joer een Foodtruck.🥳

Halt iech also den Datum Frei, schwätzt schonn är Kolleegen drop un, dat nëmmen keen op d´Iddi kennt ze soen en hätt keng Zäit well en sech schonn eppes aneres virgeholl huet deen Dag.

Weider Infoe, bezüglech dem LateNightBus, Countdowns, etc. kommen am Laf vun der Zäit.

Veiner Nëssmoort 2025
letztv
Copyright © 2026 Letz.tv, All rights reserved. Powered by a creative team that is going to revolutionize Luxembourg's media landscape.