Letz.tv

Nouspelter Emaischen 2025

19/04/2025 - 21/04/2025
10:00 - 20:00

🐥 Nouspelter Emaischen 2025 🐰

Mir freeën eis dir matzedeelen, dass d’Nouspelter Emaischen 2025 um Ouschterweekend vum 19. Abrëll bis den 21. Abrëll stattfanne wäert.🥳

Fir d’Editioun 2025 hu mir erëm ee flotte Programm op d’Been gestallt.😃

–> Samschdes den 19. Abrëll suergen d’PROVIDERS bekanntlech fir gutt Stëmmung um Bal 🤩 21h WARM-UP mam Dj Djails🎧

–> Sonndes den 20. Abrëll heescht et Party maache mat KONTROLLVERLUST 🎉 21h WARM-UP mam Dj Luke🎤

–> Ouschterméinden den 21. Abrëll vun 10:00 Auer u fënnt déi traditionell Emaischen mat Verkaf vun de Péckvillercher a ganz vill aneren Äerdwuere statt. Hei ass de ganzen Dag iwwer fir Animatioun fir Kleng a Grouss, Menü am Festzelt, Concert Aperitif an Villes méi gesuergt 🥳

Virverkaafstickete fir déi zwee Baler kritt ee bei eise Memberen, op de Soziale Medien an am Café “Beim Nico” zu Giewel. Op Ouschterméinden ass den Entrée fräi. 🐤

Weider Informatiounen iwwer gratis Navette fir d’Baler, respektiv de P&R op Ouschterméinden, fanns du op www.emaischen.lu

2000s
letztv
Copyright © 2026 Letz.tv, All rights reserved. Powered by a creative team that is going to revolutionize Luxembourg's media landscape.