Ee 15 Järegen Autist huet zu Bremen ee Bus geklaut an huet domat souguer Passagéier matgeholl!
Um spéiden Owend huet sech de Jong bei engem Buschauffer als Stagiaire bei der Busfirma ausginn. Well de Jong sech sou gutt auskannt huet, huet de Buschauffer de Jong op senger Tour matgeholl.
No der Bustour hunn de Chauffer an de Jong de Bus verlooss. Ewéi de Chauffer awer eng Minutt net opgepasst hat, huet sech de 15 Järegen erëm an de Bus gesat an ass domat fortgefuer.
Et huet net laang gedauert bis déi richteg Buschauffere gemierkt hunn dat de Bus fort ass an si hunn direkt d’Police alarméiert. Police konnt de Bus schnell orten an huet de 15-järegen Chauffer gestoppt. Keen Passagéier gouf dobäi verletzt allerdéngs hat de Bus bësse Schued um Lack.
Den Autist gouf vun der Police dunn erëm heem bruecht bei säi Papp. Laut der Police wollt de Jong “seng Begeeschterung fir Busser an Technik ausliewen”.
