“Ech hoffen dass dës onfrëndlech Leit méi frëndlech an der Wierklechkeet sinn ewéi op Reddit”, esou de Reddit Benotzer r/Luxembourg
Konkret geet et ëm Leit déi stänneg am gaang sinn sech doriwwer ze beschwéiere wéi kal/langweileg dass Lëtzebuerg ass.
“I am talking about people who complain that they are bored in luxembourg and that they think that people in luxembourg are cold or so … I have read it a couple of times here.”

D’Äntwerten op dëse Post si komplett ënnerschiddlech: wärend verschidden Usere mam Post-Ersteller averstane sinn, widderspriechen him anerer ganz kloer.
“Et ass vill méi einfach mat EGAL WEI ENGEM Auslänner Kolleeg ze ginn, souguer mat Frontalieren, ewéi mat Lëtzebuerger.”, esou ee weideren User ënner dësem Post.

Nach een anere Reddit User schreift: “Ech hu wärend Joren a villen Business Incubatoren geschafft an ech sinn oft erstaunt wéi Leit mech ignoréieren, och wa mir eis all Dag begéinen an ech hinnen zounicken oder e puer mol Moie soen, heiansdo kucken se mech souguer riicht un, ouni weider Reaktioun.
All Reaktiounen fannt dir hei op Reddit.
