Letz.tv

Fra wunnt ee Joer laang an engem Reklammsschëld vun engem US-Supermarché

An engem ongewéinleche Fall huet d’Police am US-Bundesstaat Michigan eng Fra entdeckt, déi e Joer laang an engem Supermarché-Reklammsschëld gelieft huet. 

Déi 34 Joer al Fra hat um Daach vum Supermarché „Family Fare“ sech en temporären Ënnerstand ageriicht. Ee puer Bauaarbechter hunn d’Fra dunn awer no engem Joer entdeckt wei se ee Verlängerungskabel hu misse leen. Sie hunn direkt d’Police alarméiert. D’Fra, déi du vun der Police den “Rooftop Ninja” genannt gouf, hat hir “Wunneng” mat engem Mini-Schreifdësch, Buedem , engem Iesszëmmer a souguer mat enger Hausplanz ausgestatt. Trotz der ongewéinlecher Liewenssituatioun ass si e Joer laang onentdeckt bliwwen. Si huet déi ugebueden  Hëllef fir eng richteg Wunneng ze fanne refuséiert  a gouf just aus dem Supermarché verbannt.

Google Street View

De Gestionnaire vum  Supermarché huet awer Matgefill a Professionalitéit gewisen, andeems se ugebueden hunn, d’Miwwele vun der Fra vum Daach ze huelen an hir zréckzeginn. Den Tëschefall beliicht de Problem vum Mangel u bezuelbare Wunnengen an den USA, wéi de Spriecher vun der Supermarchésgrupp betount​. Via

Net verpassen!

Thumbnail-Beschnett

Noriichten aus Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt + spannend Reportagen fannt dir op der Website vun eisem Partner MF News.

Close

Aner Artikelen vun eisem Blog:

letztv
Copyright © 2026 Letz.tv, All rights reserved. Powered by a creative team that is going to revolutionize Luxembourg's media landscape.