Letz.tv

Massiv Verspéidung bei der Däitscher Bunn well dem Zuchchauffer säi Setz zesummegebrach ass

Well de Setz vum Zuchchauffer zesummegebrach ass ee Regionalzuch zu Baden-Württemberg iwwer 2 Stonnen ze spéit komm, den Zuchchauffer ass onverletzt bliwwen wei d´Zeitung “Spiegel” bericht.

Deemno soll d´Leen vum Setz tëschent Konstanz a Singen ugefaangen hunn ze wackelen, zu Singen ass de Setz du komplett zesummegebrach. Op dëser Streck fueren d´Zich normalerweis mat 160 km/h.

Den Zuch huet du misse gestoppt an et gouf wärend 2 Stonne probéiert d Lokomotiv déi um  Enn vum Zuch war no vir ze bréngen.

Wei de Pressespriecher vun der Däitscher Bunn géintiwwer vum Spiegel betount wier sou ee Virfall ongewéinlech an een absolutten Eenzelfall. D´Setzer fir d´Zuchchauffere géifen sou ausgewielt ginn dat se den alldeeglechen Zuchbetrib aushalen.

Net verpassen!

Thumbnail-Beschnett

Noriichten aus Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt + spannend Reportagen fannt dir op der Website vun eisem Partner MF News.

Close

Aner Artikelen vun eisem Blog:

letztv
Copyright © 2026 Letz.tv, All rights reserved. Powered by a creative team that is going to revolutionize Luxembourg's media landscape.