Letz.tv

Rezept Mango Dessert

De Video vun dësem Rezept fannt dir hei.

Fir de Buedem

  • Zerklengert Kichelcher

VANILLE CREME

  • 500g Frischkäse
  • 1 Kaffisläffel Vanilleextrakt
  • 230g Pudderzocker

Fir d’Zesummesetzung

  • 2 zeideg Mangoen
  • Kréischelen

Rezept

De Buedem besteet aus zerklengerte Kichelcher. D’Schicht an der Mëtt besteet aus enger Crème vun Schlagsahn mat Philadelphia.

Dofir vermesche mer d’ Ram als éischt mat dem Zocker a  vermixen et bis dass et zu Schlagsan gëtt.

Ech hat hei alt schonn de VanilleAroma derbäigemaach, domat kënnt Dir awer nach waarde bis zum Schluss, well mer nämlech een Deel vun der Schlachsan op d’Säit stellen fir uewendrop den Topping.

A wéi dir bei mir gesitt ass dofir elo d’Schlagsahn net méi perfekt wäiss.

Als nächst Etapp kënnt dann de Philadelphia mat dran. An dann nach emol alles gutt vermëschen.

Mir schneiden zwou Mangoen a kleng Stécker. Eng Mango dovunner gëtt puréiert. Dëse Püree kënnt an der Mëtt als Schicht mat dran.

Als éischt ënnen op de Buedem also wéi gesoot déi zerklengert Cookien. Dann maachen mir eis Creme aus Philadelphia a schlagsahn uewendrop. Do dertëschent kënnt dann eng Schicht mat der zerklengerter Mango. Dann nees eng Schicht vun eiser Creme. Dann de Mangospürée

A wéi gesoot, uewendrop kënnt nach d’Schicht mat einfacher Schlagsahn. Déi misst eigentlech ë bëssen méi Wäiss sinn, wnan ech nët de Vanillearoma mat dra gemaach hätt.

Da kommen nach e puer Dekoen mat drop, a faerdeg ass eise leckeren Dessert. Dat ganzt Rezept mat den Zutaten fannt dir natierlech och op letz.tv

Net verpassen!

Letz.tv The Show
img-6
letztv
Copyright © 2023 Letz.tv, All rights reserved. Powered by a creative team that is going to revolutionize Luxembourg's media landscape.
';var css_height=window.innerWidth>window.innerHeight?'90vh':'auto';var img=href?jQuery(a).find('img').clone().attr('src',href).attr('sizes','').removeClass().addClass('mx-auto d-block w-auto mw-100 rounded').css('max-height',css_height).get(0).outerHTML:jQuery(a).find('img').clone().removeClass().addClass('mx-auto d-block w-auto mw-100 rounded').css('max-height',css_height).get(0).outerHTML;$carousel+=img;if(jQuery(a).parent().find('.carousel-caption').length){$carousel+=jQuery(a).parent().find('.carousel-caption').clone().removeClass('sr-only').get(0).outerHTML}else if(jQuery(a).parent().find('.figure-caption').length){$carousel+=jQuery(a).parent().find('.figure-caption').clone().removeClass('sr-only').addClass('carousel-caption').get(0).outerHTML}$carousel+='